1monthfree

180km Laf vum Victor Theis bréngt 1120€ fir d'Fondatioun Kriibskrank Kanner

Bei senger aussergewéinlecher Erausfuerderung 180 Kilometer ze lafen, huet den Här Victor Theis Don’en fir d’Fondatioun Kriibskrank Kanner gesammelt. Schrëtt fir Schrëtt ass d’Zomm ëmmer méi geklommen an um Enn vu sengem Challenge konnt den Här Theis déi Stolz Zomm vum 1120 Euro virweisen.


Bei der Scheckiwwerreechung an de Raimlechkeeten vun der Fondatioun Kriibskrank Kanner huet den Här Theiss d’Sue feierlech iwwerginn.


D’Fondatioun dréckt seng Dankbarkeet fir dëse besonnesche Geste a wënscht dem Här Theis wieder Erfolleg mat sengen Aktivitéiten.


All anerem deen eng Erausfuerderung bei engem Laf siicht, sief de solidaresche Laf „Lëtz Go Gold“ un d’Häerz geluecht, deen de 27. September wäert statt fannen – E Laf deen net chronometréiert ass, mee dofir Sue sammelt fir d’Fuerschung géint de Kannerkriibs. Méi Informatioune fannt dir op www.letzgogold.lu.