1monthfree

Belenhaffer Golfer spenden un d'Fondatioun Kriibskrank Kanner

Bei der Generalversammlung vum Comité vun den „Seniors du Golf de Luxembourg Belenhaff“ hunn d’Memberen der Fondatioun Kriibskrank Kanner en Don vun 1500€ iwwerreecht.


Iwwerreecht gouf de Scheck vun den Häre Schmit Marc, Weber Roger, Lanners François, Stein Marc, Molitor Marc, Theis Victor (vu lénks no riets) un d’Veerle Dierick als Vertriederin vun der Fondatioun.


D’Fondatioun Kriibskrank Kanner ass dem „Seniors du Golf de Luxembourg Belenhaff“ dankbar fir dëse generéisen Don, deem direkt déi wichteg Aarbecht vun der Fondatioun finanzéiert.


Säit iwwer 35 Joer ënnerstëtzt d’Fondatioun d’Famillen am finanziellen, administrativen, logisteschen, sozialen, psychologeschen a pedagogesche Beräich. Aktuell betreit d'Fondatioun ongeféier 180 Famillen. Ronn 6000 Kanner stierwen all Joer an Europa un dëser Krankheet. 2/3 vun de Kanner leiden u Folgeschied vun der Behandlung, ënner anerem well et keng adequat Medikamenter fir Kanner ginn.

D'Fondatioun gëtt gréisstendeels vu privaten Don'en finanzéiert a respektéiert d'Ufuerderunge vun "Don en confiance Luxembourg".


Mir invitéieren iech alleguer op dëser Plaz, fir och en Don an dëser Saach ze maachen an doduerch d'Situatioun vun de betraffene Kanner ze verbesseren. Weider Informatioune ginn et op www.fondatioun.lu