Neijoerschreceptioun 2019

E Freideg, den 11. Januar 2019 hat d’Gemeng Biwer op hier Neijoerschreceptioun agelueden. Niewent de Mataarbechter, waren och d’Léierpersonal, d’Personal vun der Maison Relais, esou wéi Vertrieder vun de Kommissiounen an de lokale Veräiner a, fir d’éischte Kéier, och d’Personal vun der Crèche mat dobäi.

Si all kruten e grousse Merci ausgedréckt fir hiren Asaz fir d’Gemeng an hier Awunner.

Fir 2019 stinn dann och nees vill Projeten an Aussiicht: esou gëtt eng natuerno Spillplaz gebaut an et gëtt villes bei den Infrastrukturen erneiert oder gebaut: d’Zone d’activités ‘Grousswiss’ gëtt fäerdeg gebaut, en neien Drénkwaasserbaséng entsteet zu Buddeler, d’Stroossen an d’Reseauen zu Haaster gi nei gemaach an da soll och Enn des Joers den neie PAG an d’Prozedur goen.

D’Gemeng Biwer soll weider attraktiv an d’Liewensqualitéit garantéiert bleiwen.

Ofschléissend ass d’Madame Sylvie Bertemes fir hier 25 Déngschtjoer als Léierin an der Spillschoul vun der Gemeng Biwer geéiert ginn.