Commemoratiounsdag den 11. Oktober 2020 zu Biwer

"Morts pour la Patrie" steet op ville Monumenter.

Haut gëtt vu kengem erwaart datt e säi Liewe gëtt fir géint eng Ongerechtegkeet ze kämpfen.

Wa jiddereen seng Aen opmécht an dann och nach seng Stëmm erhieft géint Ongerechtegkeeten an Diskriminatioun, da kann esou eng Situatioun wéi virun 80 Jar kee Nährbuedem fannen.

Wa mir mat oppenen Aë an d’Zukunft kucken, da kënne mir déi Fräiheet an déi Wäerter oprecht halen fir déi eis Jongen am 2. Weltkrich sech agesat hunn. Da war hiert Stierwen net ëmsoss!