Aweiung vun der Stroossebauaarbechten zu Brouch

De 6. Juni 2018 ass déi 1. Phase vun de Stroossebauaarbechten zu Brouch offiziell ageweit ginn.

D’Bauzäit war vum Januar 2017 bis de Mee 2018: erneiert goufen de Kanal, Schmotz-a Reewaasser, beim Bau vun der Strooss ass de ländlechen Aspekt respektéiert ginn an d’Plaz bei der Kapell ass nei gemaach ginn.

D’Käschte belafen sech op 1.000.000.- € (HTVA) an d’Aarbechte sinn duerchgefouert ginn vum Ingenieursbüro BEST a vun der Baufirma ALPHABAU.

No dem offiziellen Deel ass en Éierepatt an e Maufel offréiert ginn.