Naturno Adventure-Spillplaz zu Biwer

Déi naturno Adventure-Spillplaz um Schoulcampus zu Biwer ass op!


Nodeems de Projet am Mäerz 2018 am Gemengerot gestëmmt gouf, konnt d’Gemeng Enn 2018 mam Bau ufänken. Am Kader vun engem Molconcours waren d’Schoulkanner och direkt mat an d’Planung abezu ginn: dowéinst däerfe Waasserspiller an e Pirateschëff natierlech net feelen.


E groussen Deel vun den Aarbechte gouf realiséiert duerch den technesche Service vun der Gemeng an duerch de Fieschter a seng Equipe, esou datt och lokal Holz verschafft ginn ass.


D’Käschte wäerte sech op ongeféier 435.000 € belafen.