Zënter Joeren huet d'Amicale vun de Pompjeeën Préizerdaul di flott Initiativ ergraff, fir d'Kulturliewen am Préizerdaul méi attraktiv ze gestalten, Sou war et dest Joer nees de Fall , fir op dem Kiirmessamsden d'Kiermesham an engem flotte Kader am Centre Culturel ze offréieren. Méi wi 50 Leit waren der Aluedung nokomm, fir e puer agreabler Stonnen mat Musek vum Dréiuergelmann "Poli" ze verbrëngen. Bei dessert, Kaffi an Danzmusik huet dess Dauler Kiermes bis spéit an d'Nuecht eran, hiren würdigen Ofschloss fond. (CR) (Fotoen: Charles Reiser)