"5 Sënner" war Thema vun de Summeraktivitéiten 2024 am Préizerdaul


Préizerdaul: D’Summeraktivitéiten „Préizerdaul aktiv“ erfreeën sech vu Joer zu Joer enger zounehmender Beléiwtheet bei den iwert 100 Kanner a Jugendlichen am Préizerdaul. De Patrick Antony , ënnerstëtzt mat sengem Betreiungsteam mat 17 Moniteuren a Personal aus der Maison Relais, haaten vum 22. Juli bis den 2. August mat engem flotten Programm mat naturverbonnenen a spektakulärer Animatioun , ënnert dem Thema „5 Sënner“ bëschtens gesuergt. Duerzou hun och Hiken, zesumme mam Grupp, schloofen zu Befort, Iechternach a Veianen, verbonnen mat Ausflig op de Stau mam Park Sënnesräich gehéiert. Am Kader vun der Ofschlossfeier bei der Spillarena „Dauler Kaul“ hun d’Kanner allen Leit e flotten Animatiounsprogramm, presentéirt. Zum Schluss huet de Patrick Antony awer drop gehaalen, fir alle Kanner mat hire Bertreier a Benevolen, fir hirt Engagement an Ausdauer souwi der Gemeng Préizerdaul fir hir Ënnerstëtzung och villmols Merci ze soen a jidderengem eng schéin an erhuelsam Vakanz gewënscht. (CR ) (Foto: Charles Reiser)