Boussenaltär mat Konstwäerker fir d’Erléicheprëssessiunn

Boussenaltär mat Konstwäerker fir d’Erléicheprëssessiunn


Erléichendag ass d’Hifest vua ‘Corpus Christi’.

Zënter Joerzéinten gëtt no der Humass en geweit Hostie ous der Trinitarierkierch duerch Veinen gefouert. Ofwässelnd droen den Dechen Jeannot Gillen an de Kaplon Vincent de Smet dat Allerheiligst Sakrament an der Monstranz ous dem 18. Joerhonnert, ënner dem Baldachim, dä vua portugisiches Matbierger gedroe gëtt, duerch d’Gasse vuan der Mëttelalterstad, beglät vuan de bekannte Prëssessiunnsmärsch vuan der Veiner Stadmusik.


No zwär Joer Paus ho sech verhältnisméissig vill Gläwiger uan der Prëssessiunn bedäligt an ofwässelnd op déitsch an op portugisisch de Rusekranz gebät a gesungen.


Op de Boussenaltär mat wonnerschinne Bloumenteppicher viruan der Nikloskierch, arrangiert vuan de portugisische Matbierger, laanst d’Our kreiert vuan de Fraen a Mammen a béi der aler Aptéit, gestalt vuan der Famill Weyrich-Theis, kruten di Gläwig de sakramentale Seegen.


D’Traditiunn fir Bloumenteppicher ze leeën ass wahrscheinlich am 15. Jh ous der Mëttelmierregiunn an éis Géigenden importiert gän. An der Barockzéit honn haaptsächlich d’Uerden d’Traditiunn gefërdert fir Bléien zu flotte Motiven ze arrangieren.


Obwual den Opwand, dän nidig ass fir flott villfuarwig Bléien ze sammelen, gruss ass, ass d’Leeë vuan em Bloumentapis op Erléichendag en geliäften Traditiunn am Ourstiedchen.


D’Kreativitéit béi der Drapierung vuan de Bléien zu grussformatige Biller keent kän Grënzen. Béim Asammlen gëtt sech op dat Wesentlicht limitiert, wu Bloumen, déi en Naturschutz stinn en Tabu sënn. Akribisch gëtt drop opgepasst de Beien hir Nahrungsqueel net eweech ze hollen.


Gléich no der Sakramentsprëssessiunn honn di dréi, vuan den Touriste vill geknippste Konstwäerker, hiren Zweck awer och schunn erfëllt.


Gaby Heger