D’Veiner Fraen a Mammen Yolande, en aktiven a generéise Veréin.
Op den Dag genä wu 400 Joer Oktavwallfahrt an der Stad gefeiert guf a praktisch zur selwichter Zéit, wu di Veiner Leit, an Zéite vua Kréich a Pestepidemien, d’Muttergottes vuam Bildchen uagefaangen honn ze veriieren, honn di Veiner Fraen a Mammen hir Generalversammlung ofgehalen.
D’Fürbitten, déi an der Mass an der Nikloskierch virgedroe gufen, waren e Bewéis vuan dänen unrouigen Zéite, an däne mer liäwen, hei an Europa an och soss an der Wëlt. D’Verlaangeren no äner Plaz, wu mer Zuflucht fannen ass gruss: “Muttergottes vuam Bildchen, loss is Pilger vuan der Hoffnung gän!”
D’Statute vuan der ACFL vermierken ënner dem Artikel 2:
L’association a pour objet l’exercice d’activités religieuses, culturelles, éducatives, caritatives, consultatives et récréatives.
Dëse Prinzipien gëtt d’Associatiunn absolutt gerecht, siäf et veréinsintern, siäf et op privater Basis:
Stoork impliziert, sënn d’Fraen a Mammen an der Neiorientierung vuan der Bildchensoktav, déi d’Gefor läft, an absehbarer Zéit ze verschwannen. Den Optakt am Bildchensbësch mat Meditatiunn, Prëssessiunn an Open Air Mass ënner dem Virsëtz vuam Kardinol Jean-Claude Hollerich an a Präsenz vuam Weibëschof Leo Wagener ass vua ganz ville Gläwigen ous Veinen an Ëmgebung wuer geholl. Di gratis Navette mat Aller-Retour Veiner Altersheim-Bildchen guf appreciert an och de Patt no de Feierlichkäten.
D’Bildchensmass, en fréier Dekanatsmass,déi als Open Air Mass am Pavillon niäft dem Fatima Sanctuaire zelebriert guf war, trotz Schloreen, vua ganz ville Memberen an Net-Membere besoucht.
D’Härléichprëssessiunn hott de Dammen, no zwä Jor Paus rëm d’Gëleeënhät gän, e flotte Bloumentapis ze leeën.
Niäft dëse reliéisen Aktivitéiten kumen di rekreativ Veranstaltungen net ze kuerz mat em Nomëttig op der Marie-Astrid a fir déi mi sportlich, en Wocheräs uan di ganz woorm Amalfiküst.
Haaptualeies vuan de Fraen a Mammen ass a bleift de sozialen Engagement. Den Erlis vuam Pëllemsonndig-Bazar konnt mat 4000 Euros ua Médecins du Monde gespent gän, währendäms de Benefiz vuam Adventsmoort uan di junk asbl ‘Fir d’Restoratiunn vuam Veiner Bildchen’ gung.
Hiert provisorischt Lokal honn di Veiner Fraen a Mammen am fréiere Pompjeesbou font, en perfekt Plaz fir de Verkaf vuan Adventskrënz an Arrangementer encadriert vuan äner Kaffis respektiv Wéistuff.
Net vergäss gän awer och d’Aktivitéiten op Landesniveau, wi de Schöpfungsdag, d’Orange Week, de Brostkriibslaf, de Votum Solemne an d’Pilgerfahrt op Avioth.
No der Devise vuam Daachverband béi der Generalversammlung: Zesomen agieren, zesomen halen an än dän aneren ënnerstëtzen ass d’Generalversammlung a Präsenz vuam Aumônier Jeannot Gillen, dem Buergermäster samt Schëffen a Conseilleren, der Vizeprësidentin vuan der ACFL a ganz villen Iiermemberen béi Ham, Fritten an Zalot ofgeschloss gän.
D’Representanten vua ‘Médecins du Monde’, Mme Dr. Andrée Hanck an den Här Hanck waren dankbar fir de Scheck vua 4.000 Euros zugonste vuan hirer Beglädung a Fleeg vuan däne Leit, déi op Landesniveau a grusser Precaritéit liäwen, währenddäms de Prësident vuan der asbl ‘Fir d’Restoratiunn vuam Veiner Bildchen’ e Scheck vua 4.600 Euros entgeent geholl hott fir d’Restoratiunn vuan der Veiner Bildchenskapeel.
Gaby Heger