FRAEN & MAMMEN, VEINEN
uan der AMALFI KÜST
«Le jour du jugement, pour les Amalfitains qui iront au paradis, sera un jour comme les autres»
Dëse Paradis op der Äerd honn di Veiner Fraen a Mammen di leetzt Woch am August genoss. Hir Residenz war zu Praiano, di beléifte Summerresidenz vuan den Dogen vuan Amalfi.
A gout gefëllten italienische Bussen, op an of, vuan äner Kéier an di aner, udder awer mat vill mi siiere Waassertaxien ass d’Amalfi Küst exploriert gän.
De Pavä sënn di Veiner Dammen jo gewient an bärigop a bärigof ass och kän Neiland… just uan d’Afenhëtzt honn si sech misse gewienen. ”Après l’effort le réconfort” seet e Sprëchwuert. Di Veiner Dammen honn sech léiwer uan de Sproch gehalen: “Après les escaliers, un ‘limoncello spritz”.
Winnig archäologisch Siten së su faszinierend wi Pompéi, déi ischt Etapp vuan der Räs, an dat an aller Häergottsfréi.
Herrlich, Positano mat seine pastel Haiser, déi etageweis uan där steiler Küst pëschen.
Net ze verpassen, Amalfi, mat seiner impressionnanter Kathedral Sant’Andrea, op der Kopp vuan äner monumentaler Trap mat 62 Träpplécken. Derniäft den idyllische Kräizgang del Paradiso am maurische Stil mat seinen aktive Moustiken, déi besonnisch fru mat den Damme waren an se vuan uewe bis ënnen zerpickt honn, an d’Basilica del Crocefisso mat der Krypta an där d’Reliquien vuam Patrinner vuan der Stad, dem Hl André opbewaart sënn.
Wä keent net de Schlager ‘Capri, c’est fini’ vuam Hervé Vilard. Gout, datt et e Funiculaire gëtt fir ous dem Troublement vuan der Piazza Umberto op Marina Grande ze entwutschen.
Ganz léif, Atrani, dat d’Ier hott, dat klänsten Duerf a Süditalien ze sënn mam Charme datt hei kän Autostrafic ass. Dofir ass hei awer en klä Plage, op där d’Sonnestéil an Parbelien abordabel Préisser honn. Besonnisch éis Dammen, déi hir schwier Ruckseek mat Waasserschoun an Handdouch matgeschläft honn, wossten dat ze apprecieren.
Fir anerer war dat autofréit Ravello uewen op der Kopp ischter en Optiunn. Herrlich fir duerch di schmual Gaassen ze flanieren an duerch d’Gäert vuan der bedeitender Villa Rufula, vuan där än en oussergewinnlich Vue op d’Küst hott.
Di sportlichst ous dem Grupp, déi nooch kän Bloderen uan den Ziwen haten, honn sech et net holle geloss fir den ‘Sentiero degli Dei’, dän séin Nom net gestuel hott, ze marschieren. Op dësem oussergewinnliche Wee vua 6 km, fir déi än 3 Stonne brouch, mä dän de Privileg hott ousnaamsweis kän Trapen ze honn, gëtt än anscheinend d’Geféil net los, et gif än tëschent Himmel an Äerd schwiäwen
.
E grusse Merci uan d’Prësidentin fir déi net ëmmer einfach Organisatiunn vua su äner memorabler Grupperäs.
Gaby Heger