Nightlife Bus: Neie Fuerplang an Arrêten zu Schëffleng säit dem 7. Februar
Säit dem 7. Februar huet den Nightlife Bus en neie Fuerplang an erweidert seng Streck mat 4 zousätzlechen Arrêten zu Schëffleng. Dëse gratis a séchere Service, dee vun der Stad Esch-Uelzecht an Zesummenaarbecht mat der Gemeng Schëffleng ugebuede gëtt, mécht d’Nuetsrees nach méi einfach.
Neien Zäitplang:
- Depart an der Stad Lëtzebuerg: 1:00 Auer
- Arrêten zu Esch-Uelzecht a Schëffleng
Den Nightlife Bus fiert all Freideg a Samschdeg, ouni Reservatioun, sou datt jidderee einfach a sécher nom erausgoen heem kënnt.