De 4. Februar 2025 huet de Schäfferot déi nei Schëfflenger Bierger·innen, déi tëscht dem 1. Oktober 2023 an dem 31. Dezember 2024 ukomm sinn, op d’„Soirée de Bienvenue“ agelueden.
De Buergermeeschter Paul Weimerskirch huet a Presenz vu Memberen aus dem Schäffen- a Gemengerot sou wéi der Kommissioun fir interkulturellt Zesummeliewen an der Biergerkommissioun d’Leit häerzlech begréisst an hinne wichteg Informatiounen an Erklärungen iwwert eis Gemeng ginn. Dozou krut all Famill och nach e flotte “Kit de Bienvenue”. Bei de sëllegen Info-Stänn (Servicer aus der Gemeng, Zesummeliewen MiFa, Agence interculturelle ASTI, Syndicat d’Initiative et de Tourisme, Ecrivain Public, Pompjeeën, Geschäftsverband, Teranga, Club Haus beim Kiosk, Schëfflenger Konschthaus, Schëfflenger Jugendhaus, Office Social) konnten d’Leit sech iwwert verschidden Thematike renseignéieren.
Fir den Owend gemittlech auslafen ze loossen, huet de Buergermeeschter op e Patt invitéiert an d‘ Leit haten d‘Méiglechkeet hir Froen ze stellen an hir Uleiesse lasszeginn.