D’Gemeng Schëffleng zesumme mam Centre de Formation pour conducteurs huet och dëst Joer nees d’Schoulklassen op de « Kuck & Klick » invitéiert.
D’Schoulkanner aus dem Cycle 2.1 hu gutt opgepasst wéi d’Madamm Dammé an den Här Meder hinnen d’Welt vum Stroosseverkéier, duerch flott Aktivitéiten a Spiller, méi no bruecht hunn. Insgesamt hu wärend deenen 3 Deeg, 7 Klassen aus 3 verschiddene Schoulen (Nelly Stein, Lydie Schmit an Albert Wingert) um Event Deel geholl. D’Kanner sinn op d’Gefore vum Stroosseverkéier opmierksam gemaach ginn, an dëst net nëmmen aus der Siicht vum Foussgänger·in, mee och als Bäifuerer·in am Auto.
De 5. Februar 2025 huet de Schäfferot zesumme mat de Memberen aus dem Gemengerot all de Leit, déi un dësem Projet bedeelegt waren, Merci gesot a sech e Bild vun dem flotte Parcours gemaach, deen opgestallt ginn ass fir Situatiounen am Verkéier nozestellen.