D'Erënnerung un d'Affer vum Massaker vu Sonnenburg héich halen


D’Erënnerung un d’Affer vum Massaker vu Sonnenburg héich halen

Gutt besichten Ausstellung iwwert den Zweete Weltkrich zu Moutfert

Moutfert. Als Optakt zur grousser Gedenkfeier fir d’Affer vum Massaker vu Sonnenburg (haut Slonsk a Polen) haten d’Zwangsrekrutéiertefederatioun an d’Sektioun Conter vun den Enrôlés de force mat der Ënnerstëtzung vun der Gemeng Conter am Kulturzentrum vu Moutfert eng Ausstellung iwwert den Zweete Weltkrich zu Lëtzebuerg an dat sowjetescht Krichsgefaangenelager 188 vun Tambow organiséiert.

Beim Vernissage vun der Ausstellung konnt d’Sektiounspresidentin Nicole Muller-Melchior vill Leit begréissen, ënnert hinnen d‘Botschafterinnen Fleur Thomas (Groussbritannien) an Alexandrina Livia Rusu (Rumänien), d’Fra vum polnesche Botschafter Pjotr Wojtczak, d’Buergermeeschtesch Marion Zovilé-Braquet mat de Schäffe Fernand Schiltz an Tom Jungblut an eenzelne Gemengerotsmemberen, Vertrieder vum „Comité pour la mémoire de la Deuxième Guerre mondiale“, vun der Zwangsrekrutéiertefederatioun, der „Amicale des Anciens de Tambow“ an de Veräiner aus der Gemeng Conter.

Als President a.i. vun der „Fédération des Enrôlés de Force, Victimes du Nazisme“ huet de Josy Lorent op déi grouss Bedeitung vun der Erënnerunngsfeier fir d’Affer vum Massaker vu Sonnenburg higewisen. Deemools sinn an der Nuecht vum 30. op den 31. Januar 1945 vun engem SS-Sonderkommando 90 jonk Lëtzebuerger Zwangsrekrutéierten am Alter vun 19 bis 24 Joer, déi vun der Nazijustiz wéinst „“Fahnenflucht“, „Wehrkraftzersetzung“ a „Wehrdienstverweigerung“ veruerteelt gi waren, brutal duerch Schëss an d’Genéck ëmbruecht ginn. Déi grausam Ermuerdung vun dëse patriotesche Lëtzebuerger Jongen war e weidert frappant Beispill dofir, dass d‘Zwangsrekrutéierung als sollech dat gréisste Krichsverbriechen vun den Nazien un der Lëtzebuerger Jugend war.

Ganz ausféierlech ass de Vic. Steichen, Vizepresident vun der „Amicale des Anciens de Tambow“, op d’Schicksal an d’Leide vun de ronn 1000 Lëtzebuerger Jongen agaangen, déi tëschent 1943 an 1945 am Lager 188 bei Tambow a sowjetescher Krichsgefaangeschaft waren, nodeems se bei d’Russen iwwergelaf waren oder vun hinne gefaange geholl si ginn. 176 leien zu Tambow a Kirsanov begruewen, eng weider 50 sollten den Heemtransport, déi spéit am Joer 1945 an e puer Etappe vir sech gaangen ass, net iwwerliewen oder sie kuerz duerno doheem gestuerwen.

An hirer Ried huet d’Buergermeeschtesch Marion Zovilé-Braquet an Zäite vun dagdeegleche Fakenews an dem Krich an der Ukrain d’Bedeitung vun der Erënnerungsaarbecht am Allgemengen a vun Ausstellungen am Besonneschen ënnerstrach, virun allem der Jugend konkret virun Aën ze féieren, wat am Zweete Weltkrich geschitt ass a wéi eng Léieren eigentlech dorausser ze zéie wären, fir dassengersäits net vergiess gëtt an anerersäits d’Geschicht sech net widderhëllt.

Dass d’Ausstellung zu Moutfert hiren Zweck erfëllt huet, ass net zulescht an deem Sënn kloer ginn, datt net manner wéi 11 Schoulklassen aus de Gemenge Conter, Hesper a Sandweiler mat hirem Léierpersonal se besicht hunn.

Billertext:

D’Organisateure vun der Ausstellung um Vernissage zesumme mat de Gemengevertrieder an de Botschafterinnen Fleur Thomas/Groussbritannien, Alexandrina Livia Rusu/Rumänien an Iwona Wojtczak/Polen (7., 8. an 9. vu lénks) (Foto: Jean Ferber)