Dat gréisste Krichsverbriechen vun de Naziën un der Lëtzebuerger Jugend


„Dat gréisste Krichsverbriechen vun den Naziën un der Lëtzebuerger Jugend“


Eng akademesch Sëtzung als Héichpunkt vun enger grousser Erënnerungsfeier


Lëtzebuerg. Fir den 80. Joresdag vun der Proklamatioun vun der Zwangsrekrutéierung duerch de Gauleiter Gustav Simon huet den Nationalcomité vun der „Fédération des Enrôlés de Force, Victimes du Nazisme“ an der Haaptstad mat enger grousser Gedenkfeier un d’Schicksal vun de „Jongen a Meedercher“ vun de Gebuertsjoergäng 1920-1927 erënnert.

No Blummennéierleeungen duerch de Chamberpresident Fernand Etgen, d’Ministerin Corinne Cahen. Vertrieder vun der Stad Lëtzebuerg, dem „Comité pour la mémoire de la Deuxième Guerre mondiale» an d‘ Zwangsrekrutéiertefederatioun beim « Mémorial de la déportation » niewent der Hollerecher Gare a bei der Victor-Hugo-Hal um Lampertsbierg an enger vum Generalvikar Patrick Muller zelebréierter feierlecher Mass an der Lampertsbierger Kierch koum et am Gebai „19 Liberté“ vun der Spuerkeess, also dem fréiere Sëtz vun der Arbed an der Neier Avenue, zum Héichpunkt vun der Gedenkfeier.

Als Éieregäscht waren niewent enger Rei vun Zäitzeien dës Perséinlechkeeten derbäi: de Maréchal de la Cour Paul Dühr, de Chamberpresident Fernand Etgen, den Éierestaatsminister Jacques Santer, d’Finanzministerin Yuriko Backes, de Chamber-Éierepräsident Jean Spautz an de Schäffe Maurice Bauer vun der Stad Lëtzebuerg. Vertruede waren och d’Botschafte vun Däitschland, Frankräich, Groussbritannien a Rumänien.

A senger Begréissungsried huet den Här Romain Wehles, Member vum Direktiounscomité vun der Spuerkeess, déi grad esou wéi wéi d’Oeuvre nationale de secours Grande-Duchesse Charlotte d’Erënnerungsfeier ënnerstëtzt huet, ënner anerem drun erënnert, datt an dësem fréieren Arbed-Gebai de Gauleiter Gustav Simon als Chef vun der Zivilverwaltung vun 1940 bis 1944 seng Büroen hat an dass am Festsall vum selwechte Gebai den Naziokkupant grouss Propagandamanifestatiounen organiséiert huet.

Eng Zukunft fir d’Hollerecher Gare

De Josy Lorent ass als President a.i. vun der Zwangsrekrutéiertefederatioun a senger Usprooch fir d’éischt op dem Gauleiter Gustav Simon seng Veruerdnung vum 30. August 1942 an op d’Ëmstänn vun dësem Diktat agaangen, vun deem ronn 10.500 „Jongen“ an 3.614 „Meedercher“ betraff waren, dat als dat gréisste Krichsverbriechen vun den Naziën un der Lëtzebuerger Jugend ugesi gëtt a bal all Famill zu Lëtzebuerg direkt oder indirekt getraff huet. Aus dem schreckleche Bilan vun Affer -ënner anerem 1.764 Gefalener an 1.084 Vermësster- huet de Riedner zwee Kapitelen erausgegraff. Et waren dat engersäits de Massaker vu Sonnenburg, wou an der Nuecht op den 31. Januar 1945 an dësem Zuchthaus 90 vun der Nazijustiz verurteelte Lëtzebuerger Zwangsrekrutéierten kalbliddeg ëmbruecht goufen. Anerersäits waren et déi ronn 1.000 Lëtzebuerger Jongen, déi vun 1943 un am sowjetesche Krichsgefaangenelager vun Tambow ënner onmënschleche Konditioune festgehale goufen an eréischt spéit am Joer 1945 zréck op Lëtzebuerg komm sinn.

Fir d’Zukunft vun der Erënnerung un d’Zwangsrekrutéierung ofzesécheren huet de President Lorent zwou grondsätzlech Fuerderungen virbruecht. Engersäits misst d’Gare vun Hollerech, déi zënter 1987 ënnert Denkmalschutz steet an 1996 als „Mémorial de la déportation“ ageweit gouf a gläichzäiteg e Musée ginn ass, deen allerdéngs schons zënter enger Zäitchen nëmme méi op Rendez-vous zougänglech ass, als authentesche Musée fir d’Geschicht vum Zweete Weltkrich zu Lëtzebuerg ausgebaut ginn an als historesch-architektonesche Patrimoine fir déi nächste Generatiounen erhale bleiwen. Dofir soll et zu enger konzertéierter Aktioun vun der Regierung mat den CFL, déi Proprietär vun der Gare ass, an der Stad Lëtzebuerg kommen. Anerersäits huet de Riedner d’Schafung vun enger nationaler Stëftung fir déi finanziell Ofsécherung vun der Erënnerung un d’Zwangsrekrutéierten als numeresch gréissten Affergrupp ze gerantéieren. Weider Riedner waren de Chamberpresident Fernand Etgen, de Guy Dockendorf als Vizepresident vum „Comité pour la mémoire de la Deuxième Guerre mondiale », de Schäffe Maurice Bauer als Vertrieder vun der Stad Lëtzebuerg an d’Finanzministerin Yuriko Backes, déi d’Regierung vertratt huet. Sie all hunn, jifddfereen op seng Manéier, un dat schrecklecht Kapitel vun der Zwangsrekrutéierung erënnert, allen Affer vum Zweete Weltkrich geduecht an Iwwerleeungen fir d’Erhale vun der Mémoire an hir Vermëttelung un déi jonk Generatioune plädéiert.

No der Virféierung vun Auszich aus dem Claude Lahr sengem Film „Heim ins Reich“ huet den Historiker Benoît Niederkorn, Direkter vum „Musée national d’histoire militaire“ zu Dikrech en Abléck an d’Thematik vun der Zwangsrekrutéierung ginn a virun allem e grousse Projet virgestellt, mat deem en Inventaire vu sämtleche Monumenter zu Lëtzebuerg, déi mam Zweete Weltkrich zesummenhänken, gemat an déi gesammelt Ënnerlagen digital archivéiert ginn.

Zum Ofschloss vun der akademescher Sëtzung, duerch déi de Christian Schmit als Moderateur gefouert huet an déi de Vokalensembel vun der Chorale Ste Cécile Éinen musekalesch encadréiert huet, gouf d’Heemecht gesongen. Duerno huet d’Spuerkeess am grousse Salon, wou eng Dokumentarausstellung iwwert den Zweete Weltkrich montéiert war, an op der herrlecher Terrass eng Receptioun offréiert.

Billertext:






( Photo)




Bei der akademescher Sëtzung am „19 Liberté“ (v.l.n.r.): Paul Dühr (Maréchal de la Cour), Fernand Etgen (Chamberpresident), Josy Lorent (President a.i. vun der Fedef), Yuriko Backes (Finanzministerin), Jacques Santer (Éierestaatsminister), Maurice Bauer (Stater Schäffen) a Guy Dockendorf (CM2GM-Vizepresident). (Foto: Jean Ferber)