29. Generalversammlung vun den Enrôlés de Force Gemeng Conter


D’Sensibiliséierung vun der Jugend bleift ganz wichteg

29. Generalversammlung vun den Enrôlés de Force Gemeng Conter

Conter. Ganz allgemeng ass an der Generalversammlung vun der Zwangsrekrutéiertesektioun vun der Gemeng Conter, déi am Gemengebau „An Henkes“ zu Conter ofgehale gouf, d’Wichtegkeet ënnerstrach ginn, fir d’Jugend an d’Erënnerungsaarbecht iwwert den Zweete Weltkrich mat anzebannen.

An hirer Begréissungsried huet d’Presidentin Nicole Muller-Melchior drun erënnert, datt 17 zwangsekrutéiert „Jongen“ vu Conter, Moutfert, Méideng an Éiter net aus dem Krich zréckkomm sinn. No enger Gedenkminutt fir de verstuerwene Member Rodolphe Tanson vu Moutfert huet sie bei engem Réckbléck op d’Joer 2023 virun allem d’Organisatioun vun der Erënnerungsfeier mat Aweiung vun enger Gedenkplack zu Moutfert fir déi 90 jonk Lëtzebuerger Zwangsrekrutéieren ernimmt, déi an der Nuecht vum 30. op den 31. Januar 1945 vun engem SS-Sonderkommando am Zuchthaus vu Sonnenburg (haut Slonsk a Polen) massakréiert goufen. Bei derselwechter Geleeënheet waren am Kulturzentrum vu Moutfert Ausstellungen iwwert den Zweete Weltkrich an dat sowjetescht Krichsgefaangenelager 188 zu Tambow, déi vu ville Schoulklassen an och vu Bierger besicht goufen. Och ass eng Broschür vun dëser Commemoratiounsfeier publizéiert ginn. Un d’Gemeng Conter ass e grousse Merci gaangen fir d‘Ënnerstëtzung vun deene verschiddenen Organisatiounen. D’Presidentin huet dann och ugekënnegt, datt de „Sentier de la Jeunesse sacrifiée“ an der Industriezon „Weiergewan“ zu Conter mat enger Gedenkplaz a 17 Beem nei vun der Gemeng Conter amenagéiert gëtt. Grad esou gëtt d’Plaz vum „Monument aux morts“ um „Millewee“ zu Conter erneiert a behënnertegerecht ugeluet.

Am Detail ass d’Sekretärin Cathy Diederich op d’Aktivéite vum leschte Joer agaangen,woubäi ernimmt gouf, datt d’Sektioun, déi 20 Memberen zielt, bei deene verschiddenen nationalen a lokale Manifestatioune mat enger Delegatioun vertruede war.

De Finanzbericht vum Francis Jung ass op Virschlag vun de Keessrevisoren Mariette Atten-Haag a Constant Goergen per Akklamatioun ugeholl ginn.

Als President a.i. vun der « Fédération des Enrôlés de Force, Victimes du Nazisme » huet de Josy Lorent, dee gläichzäiteg Vizepresident vum « Comité pour la mémoire de la Deuxième Guerre mondiale » ass, och d’Wichtegkeet vun der Bedeelegung vun der Jugend un der Erënnerungsaarbecht vum Zweete Weltkrich ënnerstrach. Well lues a lues ëmmer méi Lokalsektioune verschwannen, sollt iwwer Fusiounen respektiv d’Grënnung vu „Comités du souvenir“ nogeduecht ginn, déi um kommunalen Niveau all Affergruppe vum Zweete Weltkrich zesumme féiere kënnten. Fir d’Zukunft vun der Zwangsrekrutéiertefederatioun ofzesécheren, sollt och sie, grad wéi d’Affergruppe vun der Resistenz a vun der Shoah, eng eege Fondatioun kréien. Eng weider Fuerderung besteet doranner, fir d’Hollerecher Gare, an deeër neierdéngs en Deel vum Nationalarchiv ënnerbruecht ass, als historesche „Lieu de mémoire“ vun der Zwangsrekrutéierung an der Ëmsiddlung z’erhalen a museal auszebauen. De Motto vun dëser Aktioun, déi och bei de Koalitiounsverhandlungen am leschte Joer un déi béid Regierungsparteie erugedroe ginn ass, heescht „Eng Zukunft fir d’Hollerecher Gare!“. De Riedner huet ausserdeem en Iwwerbléck vu verschidde Manifestatioune vun dësem Joer ginn, wéi zum Beispill den nationale Gedenkdag vun denn Zwangsrekrutéierten den 30. August an der Stad, d’Aweiung vun engem Monument fir d’Zwangsrekrutéierten den 20. September zu Ettelbréck an d’Journée de la commémoration nationale den 13. Oktober mat engem Nomëttesprogramm am Lycée Michel Rodange an der Stad.

Fir d’Mariette Atten-Haag, déi als Vertriederun den „US Veterans Friends Luxembourg“ d’Wuert ergraff huet, ass et wichteg, d’Relatioune mit den amerikanesche Befreier oprecht z’erhalten.

D’Buergermeeschtesch Marion Zovilé-Braquet huet an hirem Schlusswuiert den edukative Wäert fir d’Jugend vun der Erënnerungsaarbecht un den Zweete Weltkrich ënnerstrach an der Lokalsektioun an der Federatioun Merci gesot fir all Beméiungen an dëser Richtung.

j-lo