Marcel Feltus huet säin 90. Gebuertsdag gefeiert



Miersch: Bei gudder Gesondheet huet den Marcel Feltus vun Eischen viru kuurzem am Krees vu senger Famill säin 90. Gebuertsdag gefeiert. De Marcel Feltus ass den 23. August 1934 zu Harel als den zweetjëngsten Jong vun insgesamt eelef Nokommen vum Michel Feltus a Madeleine Wiltgen op d’Welt komm. Am Abrël 1959 ass Hochzäit gefeiert gin mam Irène Kruchten vun Eischen, wou si och duerno zesummen mat hirer Duechter an hirem Jong zu Eischen gewunnt hun. Fënnef Enkel an zwéin Urenkelkanner gehéiren haut zum Stolz vun der Famill Feltus. De Marcel Feltus huet a sengem aktiven Berufsliewen vun 1954 bis zu senger wuelverdingter Pensioun am Joer 1989 am Walzwierk vun Arbed Schëffleng sengt deeglicht Brout verdingt. Leider ass seng léiw Fra, Irène de 7. Januar 1997 verstuerwen. Zënter Januar 2024 verbrëngt de Marcel säin Liewensowend, ganz zefridden am Home pour personnes agées zu Miersch. Beim Uschneiden vum groussen Gebuertsdagskuch verbonnen mat engem kräftigen Happy Birthday, ass dem Jubilar och no sengem 90. Gebuertsdag weiderhin nëmmen dat Allerbäscht gewënscht gin. (CR) (Foto: Charles Reiser)