Happy Birthday zum 100. Gebuertsdag fir den Camille Royer


Miersch: Mat 100 Joer sech nach gut a gesond fillen, dat Gléck hat den Camille Royer vu Miersch, den zënter ronn 4 Joer säin Liewensowend am Home pour personnes agées Saint Joseph zu Miersch verbrëngt. Esou e besonnesche Gebuertsdag muss jo och gefeiert gin, an dat war viru kuurzem och de Fall. De Camille Royer ass den 31. August 1924 zu Wàisswampech op d’Welt komm. Seng Elteren waren den Jean Royer vu Wàisswampech an d‘Catherine Reckinger vun Heischent. Leider ass dem Camille seng Mamm vill ze fréih verstuerwen, wéi hien den Alter vun dräi Joer hat. Wéinst dem Beruf vu sengem Papp ass den duercht d’ganzt Land versaat gin, esou dat de Camille bis hien 20 Joer krut an 9 Ortschaften gewunnt huet. Mat 20 Joer gouf hien agezunn an ass zu Hall an Éisterraich zum Meldereiter ausgebild gin a wéi hien säin éischten „Heimaturlaub“ krut, huet hien désertéiert a wor 5 Méint zu Marnech verstoppt. Duerno war de Krich eriwer. Kurz drop am November 1944, houng am Räider zu Miersch aus, dat e Gemengebeamten géif gesicht gin. Ass doropshin onugemellt op d’Gemeng bei de Buergermeeschter Kraus gaangen an no engem kurze Gespréich huet hien gesoot kritt, hien kéint den aaneren Dag ufänken. 39 Joer huet de Camille als Beamten geschafft an huet di Mierscher Läit kannt wéi keen 2ten. Niewelanscht huet hien en Assuranceportefeuille opgebaut bis sâi Jong den dunn 1980 iwerholl huet. D’Hochzäit mam Germaine Haag war den 27. Juni 1952 an am Joer 1983 ass de Camille a Pensioun gaangen. Du koum di Zäit déi nit esou einfach war fir de Camille wéi 2001 seng eenzeg Duechter an 2003 zimmlich onerwaart och nach seng léiw Fra Germaine gestuerwen ass. No 2 Joer huet de Camille séng jetzig Partnerin Rose Weyer getraff. Si sin vill gereest an hun och ganz vill ënnerholl. D’Entscheedung vir am Alter vun 96 Joer an den HPPA Miersch ze kommen war och ganz richtig. Bleiwt ze erwähnen dat de Camille a ganz vill Veräiner war wou seng Fräizäit och gut gefëllt war mat villen Aktiviéiten. Esou huet säi Jong Claude de Liewenslaaf vu sengem Papp geschildert, den no de Gléckwënsch vum Home- Direkter Nicky Wintringer, Wuert ergraff hat. De Jubilar war och ganz iwerrascht iwert de Besuch vum Familie- Minister Max Hahn, den dem Camille Royer zu sengem 100. Gebuertsdag och di allerbëscht Gléckwënsch vun him selwer an och vum großherzoglichem Haff an der Regierung iwerbruecht huet. Niewent dem Max Hahn senge Wënsch, huet de Familieminister drop gehaalen, fir dem Personal mat der Direktioun vum Haus fir hir exemplarisch Arbicht am Dingst vun de Senioren, säi Respekt a seng Unerkënnung auszepriechen. Di vill Blummen a Kadoen an d’Uspengelen vum „ordre de mérite“ hun dem Camille ganz vill Freed gemeet. Natirchlich huet de Buergermeeschter Michel Malherbe mat sengem Schëffen Heng Krier an di Responsabel vun der Generaldirektioun mam Christian Ensch an Claude Erpelding, dem Camille och Alles Guddes gewënscht. Duerno ass de groussen Gebuertsdagskuch opgeschnidde gin an mat engem kräftigen „Happy Birthday“ weider gefeiert gin. (CR (Foto: Charles Reiser)