Cipa- Blannenheem Bewunner on Tour op der MS Marie- Astrid


Rollingen/Miersch: Och dest Joer haaten die Verantwortlich vum Cipa Blannenheem hir Bewunner op e flotten Tour mat der MS Princesse Marie- Astrid iwert d’Musel invitéiert. Bei herrlichem Wieder ass viru Mëtteg ageschëfft gin an beim Apéritif sech op e flotten Nommëtteg virbereed. De gut gefëllten Teller mat engem schmackhaften Menü huet jidderengem och gut geschmaacht. Wärend der Schëfffahrt huet den Entertainer Jeannot Conter mam Lisa Mariotto mat bekannte Lidder fir flott Stëmmung an Danzmusik um Schëff gesuergt. Géint 16 Auer huet jidderren dat flott Schëff ganz begeeschtert an zefridden erëm verloos an huet den Heemwee bei bäschter Erënnerung zum Ofschloss vun engem schéinen Dag, ugetrueden. (CR) ( Foto: Charles Reiser)