44. Journée vun den Anciens de Saint-Paul Luxembourg
Fir hir 44. Journée des Anciens hat d’Amicale des Anciens de Saint-Paul Luxembourg hir Memberen op eng Croisière culinaire invitéiert. 38 Umeldunge waren erakomm. „Croisière“ war dem Begrëff „Journée“, Dag, ugepasst, et war eng Croisère mat dem landbekannten a beléifte Musel-Schëff Princesse Marie-Astrid, vu Gréiwemaacher bis bei Éinen an zréck. Déi Fréier aus de Gasperecher Wisen hunn der däitscher Bezeechnung „Schlemmerfahrt“ all Éier gemeet, och der „regionaler Köstlichkeit“, déi laanscht d’Häng vum Museldall spréisst. Vill Erënnerungen un d’zesummen duerchlieft an erlieft Aarbechtszäit am technesche Betriib, an der Administratioun an an der Redaktioun souwéi an den Agencen an an de Librairië vu Saint-Paul gungen d‘véier Stonne kuerzt Zesummesinn iwwer d’Dëscher hinn an hier. Zréck u Land war sécher, d’45. Journée wëllt kee verpassen.