Neiufank bei der Hielem-Luerenzweiler Musek

D’Fanfare Hielen-Luerenzweiler prouft zanter enger Zäit am Schoulhaff ënnert dem Préau, natierlech ëmmer am Respekt vun den aktuellen Covidmesuren. Dat Ganzt fonctionéiert awer nëmmen, well jiddereen fläisseg upéckt beim Op- an Ofriichten. D’Musikanten si frou rëm kënne zesummen ze prouwen a halen weiderhin d’Motivatioun héich. Dëst soll och en Zeechen sinn, dass se sech net ënnerkréie loossen an ëmmer probéieren no Léisungen ze sichen.

D’Fanfare Hielen-Luerenzweiler hat och lo schonn en éischten klengen Optrëtt e Sonndeg, den 6.6. bei der Porte ouverte vun de Gemeinschaftsgäerd an der Gemeng. Déi zuelräich Nolauschterer hunn den éischten Optrëtt zanter laangem mat dem néidegen Applaus belount.