Hämmelsmarsch zu Luerenzweiler

Fir d’Laurentiuskiermes huet d’Hielem-Luerenzweiler Musek den Hämmelsmarsch zu Luerenzweiler gespillt. Wéinst der Corona Pandemie war alles e bëssen anescht wéi déi Jore virdrun.

D’Musikanten hunn sech um Parking vun der Gare versammelt a konnten zënter laanger Zäit mat den néidegen Distanzen erëm mat Begeeschterung zesumme spillen. Duerno sinn se an 2 Gruppen duerch d’Duerf gezunn. Op 8 verschiddene Plazen, iwwer déi d’Awunner am Virfeld per Flyer informéiert gi waren, gouf all Kéier en Hämmelsmarsch, eng Kiermes an och nach e schmassege Marsch zum Beschte ginn. D’Béchse stoungen an der Strooss an et ass nawell muenchen Euro dra gelant. D’Leit aus dem Duerf waren zefridden iwwert déi kleng Oflenkung an d’Musikanten hunn sech iwwert den Applaus gefreet. Déi haten sech no der Zwangspaus endlech erëm gesinn an et huet een hinnen ofgesinn wéi vill Spaass hir Optrëtter hinne gemaach hunn. Trotzdeem hoffen se dass et beim nächsten Hämmelsmarsch erëm méi normal gëtt.