Assemblée générale bei der Hielem – Luerenzweiler Musek

D’Fanfare Hielem - Luerenzweiler hat den 3.6.21 hier 92.Generalversammlung ofgehalen. Dëst Joer huet se an der Sportshal stattfonnt fir, dass mir konnten d’Coronareegelen anhalen. Dëst war och déi éischt richteg Veranstaltung säit Ufank vun der Pandemie an d’Freed sech mol rëm all ze gesinn war grouss.

Mercien si vum President Roland Kayser un d’Gemeng fir den extra-ordinären Subside am Kader vun de Coronahëllefen gaangen, un den Dirigent Pavel Nakhimovitch fir seng Flexibilitéit an säin Engagement an all deenen Méint, awer och un d’Musikanten, dass se duergehalen hunn, souwéi un all déi Léit, déi d’Musék an deenen leschten Méint ënnerstëtzt hunn. Den Aktivitéitsrapport war pandemienbedéngt kuerz, mee et gëtt gehofft, dass d’Aktivitéiten rëm kennen gläich ulafen. Den Dirigent Pavel Nakhimovitch huet och e puer Wieder un d’Musikanten an de Comité geriicht. Hie sot Merci fir den Engagement vun de Leit, och an deenen méi schwieregen Momenter an huet d’Musikanten encouragéiert weider motivéiert ze bleiwen. Hien huet och annoncéiert, dass hien wéilt mat der ganzer Musek weiderhin dobaussen prouwen ënnert dem Préau am Schoulhaff, soulaang d’Wieder et erlaabt. Eise Sous-Chef Alice Warzsta huet sech deene Wieder ugeschloss an ergänzt, dass just 16 Prouwen an 3 Sortien am Joer 2020 waren, dëst natierlech och pandemiebedéngt. Am Rapport vum Caissier John Kirchen war erauszehéieren, dass d’Musék trotz der Situatioun nach mat engem klenge Bonus d’Joer ofschléisst, dëst virun allem, well se am Januar nach konnten hiren Galaconcert spillen. An och bei den Hämmelsmärsch hunn d’Awunner vun der Gemeng d’Musék gutt ënnerstëtzt.

No 8 Joer als Sekretär vun eiser Musek huet de François Warszta seng Demissioun agereecht. Als Merci gouf him e Cadeau iwwerreecht.Hie bleift der Musek awer weiderhin als Musikant erhalen.

De Buergermeeschter Jos Roller huet zum Schluss d’Wuert ergraff an der Musek Merci gesot fir hiren Asaz am Déngscht vun der Gemeng an hiren Awunner an hien huet betount, dass d’Musek och en Aushängeschëld vun der Gemeng ass. Hien huet och Erklärungen zum Virukommen vun Bau vum neien Musekssall ginn.