Eng musikalesch Lännerrees féiert duerch déi ganz Welt.

De 25. Januar war an der Sportshal zu Luerenzweiler erëm eng weider lass wéi d’Hielem-Luerenzweiler Musek hire Galaconcert 2020 gespillt huet.

Ënnert der Direktioun vum Micky Thein huet de wibbelege Jugend-Ensembel «Fortissimo» aus der Museksschoul den Ufank gemaach an si hunn deene méi wéi 600 Nolauschterer gewise wat si scho kënnen an zu wivill si sinn.

Wéi si d’Bün verlooss haten, konnten déi 68 Musikanten vun der «grousser Musek» Plaz huelen an hunn ënnert der Direktioun vun hirem neie Chef Pavel Nakhimovitch hir musikalesch Weltrees mat Schmackes ugefaangen an zwar mam Marsch «Einzug der Gladiatoren». Duerno ass et mat Alpina Saga, Ross Roy, Cassiopeia an African Symphony weider gaangen. Mat klénge Geschichten tëschent de Stécker sinn d’Leit vun déenen 3 aktive Musikante Noémie Patz, Jelena Thiel a Frazer Alexander labber duerch de Programm gefouert ginn.

No der Paus ass Wedding Day at Troldhaugen, Cordilleras de los Andes, El Bimbo a Frankie goes to Hollywood on Stage opgeluecht ginn esou dass jiddwer Nolauschterer eppes fonnt huet wat him gefall huet, vum Jéngsten bis den Eelsten.

Mat grousser Freed ass de President Roland Kayser am 2. Deel virun de Mikro getratt fir ee Musikant besonnesch ze éieren: De Jeannot Roller, deen zënter 60 Joer als aktive Musikant um Pult sëtzt, och eng laang Zäit am Comité war a grad esou wéi seng Fra Lory, ëmmer beret ass, fir eng Hand mat un ze paaken fir seng Musek. Aus der laanger Zäit gouf et vill ze erzielen. De Jeannot huet sech voller Stolz seng «Médaille en vermeil Grand-Duc Adolphe» vum Här Marc Thill, Vertrieder vun der UGDA, uspéngele gelooss a versprach dass hien seng Auszeechnung nach eng Kéier richteg géif feieren.

Dat leschte Stéck sollt eigentlech Disney Fantasy sinn mä wéinst dem villen Applaus mat deem Musikanten fir hiren Asaz belount gi sinn, hu si sech et net huele gelooss fir mat Freed 2 Zugabe ze spillen fir duerno beim Patt a bei Bréidercher de Concert mat dem Publikum nach eng Kéier Revue passéieren ze loossen.