D’Fanfare Hielem-Luerenzweiler goes « Very british»

D’Hielem-Luerenzweiler Musek huet mat hirem Galaconcert an der Sportshal zu Luerenzweiler d’Quinzaine culturelle 2019 ofgeschloss.

Als éischt huet de motivéierte Jugend-Ensembel «Fortissimo» aus der Museksschoul ënnert dem Micky Thein déi méi wéi 500 Nolauschterer musikalesch begréisst an hiert Kënnen ënner Beweis gestallt.

Duerno si déi 67 Musikanten vun der Hielemer Musek op d’Bühn komm an hunn ënnert der Direktioun vun hirem Chef, dem Jhang Kohnen, lauter musikalesch Leckerbissen vun der britescher Insel zum Beschten ginn. Vun Imperial March iwwer Folk Song Suite bis Nimrod, James Bond, Queen, Scarborough Fair, Jesus Christ Superstar, Music a Rolling Stones war fir jiddereen eppes derbäi.

Beim “English man in New York” huet d’Nora Meintz als Solistin um Saxophon Sopran iwwerzeegt an d’Noémie Patz an de Frazer Alexander hunn wéi ëmmer souverän duerch de Programm gefouert.

De Vertrieder vun der UGDA André Heinen konnt 4 Medaillen u verdéngschtvoll Memberen verdeelen: dem René Scheid fir 40 Joer souwéi dem Charel Consbruck, dem Claude Schiltz an dem Jean-Marie Thein fir jeeweils 50 Joer Aktivitéit um Pult.

Den Asaatz vun de Musikanten ass mat vill Applaus honoréiert ginn an déi hu gären nach e puer Zugaben gespillt.