91. Generalversammlung vun der Fanfare Hielem-Luerenzweiler


Ugangs der Versammlung huet de President Roland Kayser Vertrieder vum Schäffen- a Gemengerot, esou ewéi d'Frënn an de „ Supporterclub“ vun der Fanfare begréisst. Och huet hien eng réi Leit aus dem ëffentlechen Liewen aus der Gemeng entschëllegt. Säi Réckbléck op dat e bësschen méi turbulent Joer, wéi hien sech ausgedréckt huet , war duerch den Dirigentewiessel gepräägt, an dat just virun der Summervakanz, wou nach eng Rei Concert'en ustoungen. Deelweis Konsequenz dovunner war och dass den Musikantestage am Hierscht ausgefall ass. E spezielle Merci gouf et fir de Jean-Marie Thein, dass hien an der Iwwergangszäit d´Direktioun vun der Fanfare iwwerholl huet a mir eise Programm duerchzéien konnten. Dat selwecht gëllt och un fir eis „ professionell“ Musikanten, déi de Comité tatkräfteg ënnerstëtzt hunn, bei der Sich no engem neien Dirigent. Weider Merci'en goungen un Cabaretséquipe vum Viv Meintz, de Supporterclub, déi Responsabel vun der UGDA Museksschoul, un d´Elteren a Frënn déi do sinn wann se gefrot ginn an zou gudder Lescht un d'Gemeng déi d'Musek materiell a finanziell ënnerstëtzt. Zum Schluss vum President senger Interventioun gouf d'Joëlle Schiltz-Recht fir 25 Joer Fähnerich mat Blummen an engem Kaddo geéiert.

No enger Gedenkminutt fir déi Verstuerwen, huet de Sekretär Fränz Warszta den Appell nominativ virgeholl an den Aktivitéitsrapport virgedroen. Mat 16 Sortien a Concert'en war d´Joer gutt gefëllt. Eraus gestach huet eise Concert zou Distroff an der Lorraine an de Galaconcert am Januar. Fir 2020 ass awer och erëm e Stage virgesinn, dem Gaart an Heem Luerenzweiler e groussen Merci, dass si dofir hiert Quetschefest 14 Deeg no hanne geréckelt hunn, soss wier et net méiglech.

De Keessier John Kirchen huet eng gesond a stabil Finanzsituatioun presentéiert, déi vun den Keesserevisoren Joëlle Schiltz-Recht, Toni Decker a Jos Ney confirméiert gouf. Déi dräi Leit goufen no der Decharge vum Keessier duerch Generalversammlung vun der selwechter fir e weidert Joer confirméiert.

Duerno huet de neien Dirigent Pavel Nakhimovitch kuerz d'Wuert ergraff a seng Zefriddenheet zum Ausdrock bruecht wat Leeschtung vun de Musikanten an der kuerzer Zäit wou hien do ass ubelaangt. D'Sous-Chefin Alice Warszta-Brosius ass op de Prouwebesuch (40 Stéck) an op Presenzen bei de Sortien agaangen.

Am Laf vum Joer huet d´Fanfare 9 aktiv Memberen verluer, an der awer och 9 derbäi kritt, esou dass den Effectif op de Pulter net variéiert (68).

Am Comité ass een Ofgang ze verzeechnen (Jerry Kohnen), an zwee Zougäng déi per Akklamatioun vun der A.G. opgeholl goufen (Lynn Flick an Delphine Patz). D'Membres sortants Fernand Blum, Guy Flick, Fränz Warszta, Charel Von Roesgen, Roland Kayser a John Kirchen goufen als Comitésmemberen per Akklamatioun confirméiert. Desweideren huet d'A.G. de Roland Kayser weiderhin als President confirméiert.

Nodeems dass den Aktiounsprogramm fir 2020 virgestallt war, ass et zum libre Echange de vue komm. D'Propos vum Dirigent zesumme mat de Musikanten Stécker fir de Galaconcert eraus ze sichen / Fotoen mat Numm vun de neien Musikanten um Site vun der FHL / Wou hale mir eis Prouwen of, wann de neie Musekssall gebaut gëtt? / Sektiounsconcert vu Boufer am Quartier Romescht spillen / Nei Iwwerleeungen zum Comité de Patronage an der Broschür vum Galaconcert / Galaconcert schonns ëm 19:30 Auer unfänken / Proposen fir een Ausfluch an d´Ausland vun e puer Deeg mat Concert fir 2021, waren ënnert anerem Themen déi ugeschwat goufen.

Zum Schluss huet déi 1. Schäffin Marguy Kirsch-Hirtt als Vertrieder vun der Gemeng d'Wuert ergraff an déi gutt Zesummenaarbecht tëschent der Fanfare, der Ugda-Museksschoul Uelzechtdall an der Gemeng Luerenzweiler ugeschwat. Sie ass och op Froen betreffend de neien Proufsall agaangen, an huet dem Schäfferot seng Iwwerleeungen zur Iwwergangsperiod ausernee geluecht.

John Kirchen