90. Generalversammlung vun der Fanfare Hielem-Luerenzweiler


Den 8. Februar huet Hielem-Luerenzweiler Musek hir 90. Generalversammlung am Festsall vun der Gemeng ofgehalen. De President Roland Kayser huet niewent de Vertrieder vum Schäffe- a Gemengerot, d´Musikanten an d´ Frënn vun der Fanfare begréisst. A senger kuerzer Usproch huet hien Highlighte vum vergaangene Joer beliicht, dat do waren, de Galaconcert, de Musikantenstage an d´Konzertsrees an de Schwarzwald. No e puer Mercien un d’Gemeng, d´Elteren an déi vill fräiwëlleg schaffend Hänn, huet Versammlung hiren verstuerwene Memberen an Frënn geduecht.

De Sekretär Fränz Warszta huet uschléissend den Aktivitéitsbericht virgedroen, mat 8 Konzert´en, 4 Hämmelsmärsch, an 12 weider musikalesch an kulturell Manifestatiounen.

Finanzen hunn Ënn 2018 e gréissere Minus opgewisen, bedéngt duerch Konzertsrees an de Schwarzwald an d´Uschafung vun enger ganzer Rei Hämmelsmarsch- Tenuen fir déi jonk Musikanten. D´Keeserevisoren Joelle Recht, Decker Tun a Jos Ney hunn dem Keessier John Kirchen eng propper a korrekt Kontabilitéit zertifiéiert. Déi dräi goufen an hirer Missioun fir e weidert Joer vun der A.G. erëmgewielt.

Uschléissend huet de Pier Bichler kuerz iwwert de Bingo geschwat, ir de Chef Jhang Kohnen op e puer Punkten agaangen ass: Zefridden mat de Präsenzen an de Prouwen, den Challenge fir déi vill nei jong Musikanten gutt an Musek z´integréieren. E spezielle Merci vun senger Säit un Responsabel vun der Ugda Museksschoul Uelzechtdall fir hiert Engagement, jonk Leit an Museken an Uelzechtdall ze guidéieren. De Sous-Chef Alice Warszta huet sech dem Chef senge Wierder ugeschloss, an ass duerno e bësschen méi detailléiert op de Prouwenbesuch agaangen. Bei 35 Präsenzen vu 36 Prouwen, waren de Jerry Kohnen, d´Ernestine Muller an Saskia Tholl “têtes de liste“. Bei den 12 Sortien waren de Roland Kayser, de Christian Meyer an de Jerry Kohnen ëmmer präsent.

Wärend dem lafendem Joer sinn 9 nei Musikanten opgeholl ginn, deem géigeniwwer hunn och 9 Musikanten Fanfare verlooss. De Comité krut, trotz munchem Opruff, keen Nowuess, a bleift a senger aktueller Form bestoen. President Roland Kayser, Vizepresidenten Fernand Blum a Jerry Kohnen, Sekretär Fränz Warszta, Keessier John Kirchen, Memberen Alice Warszta, Reeff Marcel, Von Roesgen Charles, Flick Guy a Carole Blum. Jugendvertriederin ass Lynn Flick.

Nom Ausbléck op de Programm vun 2019, war dunn fräi Aussproch, wou aus den Reien vun den jonken Musikanten e Virschlag fir méi Nohaltegkeet beim Gedrénks ze garantéieren dat de Musikanten wärend de Prouwen zur Verfügung gestallt gëtt.

Zum Schluss vun der A.G. ir de President Versammlung zou gemaach huet, huet de Buergermeeschter Jos Roller am Numm vum Schëffen- a Gemengerot e puer Wuert un Versammlung geriicht, an ass dobäi och ganz kuerz op ne neien Musekssall agaangen.

Mat engem Patt an enger klenger Agape ass den Owend dunn ausklénge gelooss ginn.