Do, wou soss d‘Geschicht vum Schifer am Mëttelpunkt steet, ass säit gëschter zäitgenëssesch Konscht am Bausseberäich an an der aller Seeërei vum Musée ze gesinn. Trotz wiesselhaftem Wieder hunn zuelräich Leit de Wee op de Vernissage fonnt, deen a Presenz vun de bedeelegte Kënschtler/-innen Donneschdeg Owend, de 24ten Abrëll, statt fonnt huet.
D’Ausstellung versammelt Wierker vu fënnef Konschtschafenden, déi mat deels monumentale Skulpturen op dem wäitleefege Site vum Schiefermusée vertruede sinn. QUINQUE steet am Zeeche vu fënnef Begrëffer – weltoppen, visionär, abenteuerlech, positiv an onroueg. Dës fënnef Adjektive bilde souwuel den thematesche Kader vun der Ausstellung wéi och d’Charakteristike vum Schiefermusée, de mat dësem kuratoresche Projet seng oppen an zukunftsorientéiert Positioun ënnersträicht.
No der Begréissung vum President vum Schiefermusée, Marco Schank, huet d’Administratice Déléguée vum Musée, Doris Thilmany, an d’Konzept vun der Ausstellung ageféiert an déi fënnef Kënschtler/-innen virgestallt; Elmar HUBERT (DE), Nicolas LAVARENNE (FR), Britta ROESLER (DE), Laurent TURPING (LU) an YZO (FR). Uschleissend haten d’Gäscht d’Geleeënheet, gemeinsam mat den Artisten iwwert de Site ze spadséieren an déi eenzel Wierker méi no kennen ze léieren. Am Uschloss un de Rondgang ass den Owend an entspaanter Atmosphär mat Gespréicher, Musik an engem Patt ausgeklongen.
D’Ausstellung QUINQUE ass nach bis den 11ten Mee 2025 op dem Site vum Musée de l’Ardoise Haut-Martelange ze gesinn. Se ka wärend den offiziellen Ëffnungszäite vum Musée, dënschdes bis sonndes vun 10:00 bis 18:00 Auer besicht ginn. Den Entrée ass gratis.
Bei dëser Geleeënheet kann och den ënnerierdesche Parcours duerch déi fréier Schifergrouwe mat hire majestäteschen Ofbaukummeren bis op -42 Meter entdeckt ginn.