BOORBELDAG

De 4ten Dezember ass den Dag vun der helleger Boorbel, d’Schutzpatréinerin vun de Biergaarbechter an de Pompjeeën.

D’Frënn vun der Lee hunn d’Fest vun der Helleger Barbara de 7ten Dezember 2024 mat enger Mass zu Wolwen an der Kierch geféiert. D’Mass gouf vum Paschtouer Joël Santer gehalen a vum Gesang aus der Por Rammerech festlech gesonge. Uschléissend goung et virun an de Musée de l‘Ardoise op déi fréier Leekoll vun Uewermaartel wou den Éierewäi vun der Gemeng Rammerech offréiert gouf.