Grouss Gebuertsdagsfeier am Hennesbau
Feelen: Di schéin Traditioun am November fir d‘Matbierger aus der Gemeng Feelen mateneen ze feieren, ass dest Joer erëm am Kulturzentrum Hennesbau zu Feelen weidergefouert gin. Zesummen mam Veräin „ Déi Jonk vu gëschter “ hat de Schäffen- a Gemengerot vu Feelen d’Bierger aus der Gemeng am Pensiounsalter mat hire Partner op d’Journée du Grand Âge“ invitéiert fir e puer gemittlich Stonnen an angenehmer Atmosphär können ze verbrëngen. Iwer 130 Matbierger waren der dësjähriger Aluedung och gaeren nokomm. No dem gudden Festmenü, de Wëllkommensgréiss, Wierder vu Merci vum Buergermeeschter Fernand Mergen, den am Numm vun der Gemeng Feelen an dem Senioreveräin och allen Gebuertsdagskanner haerzlich gratuléiert huet, koum et zur Éierung vu folgend Jubilaren, déi och e klenge Kado an Empfank konnten huelen. Dat waren fir 70 Joer: Schmit-Piazza Angela, Melsen Marc, Oestreicher Ronald, Anthon- Reiser Marielle, Schmit- Boez Sylvie a Choque Jean- Marie. Fir 75 Joer: Bormann Jean- Marie, Ottelé- Hottua Léa, Faber- Wirtz Marie- Anne, Zacharis Evangelos, Kayser- Thein Suzette an Berns- Ries Marie- Jeanne. Fir 80 Joer: Fellens Georges an Schrantz- Schmit Olga. Fir 85 Joer: Schmillen Inge. Fir hir gëllen Hochzäit sin de Brachmann René & Lamberty Juliette mat schéinen Orchideen och geéiert gin. (CR) (Foto: Charles Reiser)