Chrëschtbasar vun der Ecole Privée Fieldgen

De Samschden, den 10. Dezember 2011 sinn Dieren vun der Ecole Privée Fieldgen nees fir Besucher op. Schülerinnen aus alle Klassen verkafen op méi wéi 80 Stänn all méiglech Schneekegkeeten wéi Chrëschtdagsgebäck, Pomme d'amour, waarme Schocki, Schokofriichten...Nieft all dësen Iessstänn kritt d'An net genuch vu schéiner Deko. Op Schaler, Chrëschtbullen an Liewkuchenhäerzer fir un de Chrëschtbeemchen, gëtt et och Käerzen, Schnéimännercher aus Hee, Schmuck, Kleeserchersstrëmp, Adventskränz, Kaarten an villes méi ze kafen. Zousätzlech fannen och e Concert vun der Chorale, sou wéi X-Mas Factor Show (14.00-16.00 an der Sportshal) statt.

Den Erléis geet dëst Joer un d'ONG Vatelot an un Aide à l'enfance de l'Inde. Wéi vill erakënnt hänkt elo nach just vun den Visiteuren of déi vun 11.00 bis 18.00 häerzlech wëllkomm sinn um Basar.