GENERALVERSAMMLUNG VON HELPING HANDS FOR ANIMALS ASBL

E Freideg den Owend, de 16. Mäerz 2018 hu mir eis 5. Generalversammlung an der Sall polyvalente vum Centre Omnisports Henri Schmitz hei zu Esch ofgehalen. Besonnesch hu mir eis gefreet, dass fir d’éischte Kéier e Vertrieder vun der Gemeng, de Christian Weis (Gemengerotsmember) a spéider och d’Präsidentin Martine Schmitt vum Refuge de l’Étang Bleu vun Thierville-sur-Meuse (Verdun) eiser Generalversammlung fir d'Joër 2017 bäigewunnt hunn. Vun dëser Geleeënheet hu mir profitéiert dem Escher Déiereschutz SEPA asbl representéiert duerch d’Christiane Spautz,e Scheck mat engem Don vun 2500€ z’ iwwerreechen fir si domadden ze ënnerstëtzen. Eise Comité setzt sech wéi follegt zesummen: Christian Müller – President, Carlo Lico - Vizepresident, Laurence Wildanger – Tresorière, Carmen Graf – Sekretärin, Nadine Schartz – Member, Corinne Brück – kooptéierte Member. Fir 2018 sti nees eng ganz Rei Aktivitéiten um Programm. Ënnert anerem mat Stänn op Flou-an Hobbymäert, den 22. Abrëll op der 3e Journée des Animaux zu Schëffleng dobäi mat engem Stand, den 10. Juni um Fest «En Dag an der Natur » am Ellergronn mat engem Kaffi-a Kuch- souwéi engem Gedrénksstand a net ze vergiessen eise Chrëschtbasar den 1. -2. Dezember zu Esch. Wien iwwregens nach net Member an eiser Associatioun ass an et wëll ginn, kann dat ganz einfach mat engem Virement vun 10€ op eise Kont IBAN LU43 0019 3955 8483 3000 BCEELULL mam Vermierk: Carte Membre 2018.