22.04.2022 Assemblée Générale 2021

Léif Déierefrënn a Memberen

Gëschter Owend huet eis Generalversammlung iwwert d'Joer 2021 am Escher Kafé stattfonnt.

Mir wëllen hei awer och nachemol vun der Geleeënheet profitéieren fir Iech fir all Är Hëllef, sief et finanziell duerch Memberskaarten&Done, manuell mat ëmmer eng Hand upaken oder sammelen, baken&bastelen oder logistesch an deems si ons z.B. duerch d'Léinen vu Camionnetten etc ënnerstëtzen.

2022 huet endlech och fir eis nees besser mat méi Aktivitéiten ugefaangen a mir probéieren och weiderhin eist Bescht ze maachen fir weideren Déieren ze hëllefen.

Ausser op Facebook fannt Dir eis och op Instagram ënnert helpinghandsforanimalsasbl 😉

Wien eis finanziell ënnerstëtze wëll, dass mir z.B. dem Refuge vun Thionville oder och op anere Plazen hëllefe kënnen, kann dat maache mat engem Don op eise Konto: IBAN LU43 0019 3955 8483 3000 BCEELULL.

Wann Dir Froen zu eiser benevoller Aarbecht hutt, da kënnt Dir Iech och ganz gäre bei eis mellen an eis Är Froe stellen.

De Comité
Christian Müller, President
Carlo Lico, Vice-President
Laurence Wildanger, Tresoriere
Karin Theisen, Member
Christiane Spautz, Member
Carmen Graf, Secretaire