15.03.2019 Assemblée Générale Exercice 2018

Freides, de 15. Mäerz 2019 owes, hu mir eis 6. Generalversammlung am Escher Kafé hei zu Esch ofgehalen. Besonnesch hu mir eis gefreet, dass spéider och d’Präsidentin Martine Schmitt vun der Spa vum Refuge de l’Étang Bleu vun Thierville-sur-Meuse (Verdun) eiser Generalversammlung fir d'Joër 2018 bäigewunnt huet. Leider konnt dëst Joer kee Vertrieder vun der Gemeng dobäi sinn, mir hunn awer eng schrëftlech Motivation d'absence kritt. Eise Comité setzt sech wéi follegt zesummen: Christian Müller – President, Carlo Lico - Vizepresident, Laurence Wildanger – Tresorière, Carmen Graf – Sekretärin, Christiane Spautz – Member, Karin Theisen - Member. Fir 2019 sti nees eng ganz Rei Aktivitéiten um Programm. Ënnert anerem mat Stänn op diverse Flou-an Hobbymäert, den 30. Juni um Fest «En Dag an der Natur » am Ellergronn mat engem Kaffi-a Kuch- souwéi engem Gedrénksstand a net ze vergiessen eise Chrëschtbasar den 30.11.-01.12. Dezember zu Esch. Bei Interessi sech wëllen als Benevolle bei eis ze engagéieren an eis heiansdo eng Hand un ze paken, mëllt Iech wegl iwwert eng privat Noriicht op eiser Facebooksäit https://www.facebook.com/hhfa.lu. Wien iwwregens nach net Member an eiser Associatioun ass an et gäre wëll ginn, kann dat ganz einfach mat engem Virement vun 10€ op eise Kont IBAN LU43 0019 3955 8483 3000 BCEELULL mam Vermierk: Memberskaart 2019.