Scheckiwwerreechung vun de Kommuniounskanner aus der Par Region Iechternach

D’Kommuniounskanner aus der Par Regioun Iechternach St. Willibrord hunn an dësem Joer d’Associatioun Konterbont asbl fir hire Spendenopruff ausgesicht.

No der Joresoofschlossmass gouf e Scheck mat der stolzer Zomm vun 4.415€ vun de Kanner un d’Vertrieder vun der Konterbont a.s.b.l. iwwerreecht. D’Präsidentin Chris Fogens huet de Kanner, hire Familljen an och dem ganze Pastoralteam Merci fir de léiwe Gest gesot an erkläert, wat mat de gespente Suen alles gemaach gëtt fir bedierftege Mënschen an der Regioun ze hëllefen.