Flotte Wëllkommes-Projet

Fir jonk Familljen a Schwieregkeeten ze ënnerstëtzen huet KONTERBONT asbl e flotte Projet zesumme mat dem Office Social Echternach & Rosport-Mompach an dem Office Social Beaufort an d’Liewe geruff.

Als éischt Aktioun goufe Babykits mat praktesche Produite fir déi éischt Wochen zesummegestallt, déi als Kaddoe vun den OSen u jonk Eltere verdeelt gi fir déi Neigebuer wëllkomm ze heeschen. Déi éischt dovu goufen dem OS Echternach schonn iwwerreecht.

Mir freeën eis ob weider Zesummenaarbecht!