A weider geet et mam konterbonte Wëllkommes-Projet

Och den Office Social Régional Beaufort huet vu Konterbont asbl di éischt „Babykits“ als Wëllkommensgrouss fir déi Klengst iwwerrecht krit. Duerch dëse Projet solle jonk Familljen, déi vom OS ënnerstëtzt ginn, eng kleng zousätzlech Hëllef bei der Gebuert vun hirem Puppelche kréien.

D‘Konterbont asbl, déi sech iwwer Spende finanzéiert, wëll och weiderhin op deem Wee iwwer d’OSen punktuell Hëllefen fir bedierfteg MatbiergerInnen ubidden.