Viru kurzem huet d'Philatelia Déifferdeng seng 98. Generalversammlung zu Déifferdeng an der Hall O ofgehalen.
De President Michel Kirsch huet den Här Jos Wolff, President vun der FSPL an Éierepresident vun der FIP, d'Madame Andrée Trommer-Schiltz de Françis Krack a Jeannot Piron Memberen vum Bureau Permanent souwéi d' Éieregäscht an all d‘Memberen begréisst. De Michel Kirsch huet den aktive Memberen Merci gesot, déi souwuel am In- an am Ausland u verschiddenen Ausstellungen deelgeholl hunn. E Merci gouf et och un d'Gemeng, déi leider net vertrueden war, fir déi finanziell a materiell Ënnerstëtzung. Dem Jos Wolff fir all déi philatelesch Artikelen déi hie schreiwt, der Press fir d'Publikatioun vun dësen Artikelen wat net méi üblech ass. No der Begréissung gouf eng Gedenkminutt fir déi verstuerwene Memberen a Philatelisten gehalen.
Duerno huet d’Madame Sylvie Giannotte den Aktivitéitsbericht virgedroen. Am Joer 2024 goufen 9 Mountversammlungen a 5 Komiteessëtzungen ofgehalen. D'Memberen hunn erfollegräich u Nationalausstellungen, der EXPHIMO zu Munneref an der Journée du Timbre zu Steesel wéi och am Ausland zu London (Royal Philatelic Society), zu Bréissel (Brabantfil) an zu Arël (BelFraLux) deelgeholl.
De Michel Kirsch huet de Finanzbericht presentéiert. Och wann en Defizit fir 2024 gemellt gouf, ass d'finanziell Situatioun vum Club gutt. D’Madame Colette Majerus huet iwwert déi exemplaresch Keesegestioun geschwaat an d’Memberen opgefuerdert souwuel de Keessier wéi och de ganze Komitee ze entlaaschten, wat si mat Applaus gemaach hunn.
Bei der deelweiser Ernéierung vum Comité woren Sylvie Giannotte a Michel Kirsch austriedend an och zréck wielbar. Wëll keng aner Demanden fir de Comité era koumen sin si per Acclamatioun zréck gewielt gin.
Duerno goufen folgend Memberen geéiert
30 Joer: Everard Marie-Rose (entschëllegt), Clemens Constantin (leider absent)
40 Joer: Gonckel Pierre
50 Joer: Michels Henri
FSPL Éierenol a Bronze
Faten Paul, Kirsch Michel, Hauck Denise a Neu Jean-Paul (entschëllegt), Dohm Micheline a Goerens Jean-Paul (leider absent)
No der Ried vum President Jos Wolff an der fräier Debatt huet de President Michel Kirsch d’Generalversammlung vun dësem Joer zougemaach.