Randonnée Jempy Schmitz: 500 Cyclisten um Départ

All 2. Weekend am August ass d'Randonnée Jempy Schmitz, di mat 4 Tir tëschent 48 an 155 km queesch duerch d'Eisléck geet. Dëst Jar war di 30. Editioun a nët manner wi 498 Cycliste si matgefuer an hun duerch hir Aschreiwung en Don fir Ile aux Clowns gemaach, e Veräin, dee krank Kanner am Spidol besicht an hinnen duerch hir Witzer a flott Kostümer d'Angscht virun der ongewinnter Emgéigend oder enger Operatioun hëllt.

Um 08h30 hott den Dikricher Buergermeester Charel Weiler den Départ fir de Grupp Jempy Schmitz gin, an et ass am Konvoi via Gilsdrëf, Bleessbréck, Selz riwer op Baasdrëf d'Stol aus gaang, wu sich uewenaus zu Pëtschent dee klengen Tour iwer Bivels, Bëttel, riwer an Däitschland op Rued, Gentingen a Wuelendrëf gemaach hott, an di 3 mi gruuss Tiir iwer Bourcy (BEL), Huldang a Munzen. Zu Munzen an der Robbesscheier gouf et di bekannten Hameschmier, fir déi d'RJPS iwert d'Grenze raus bekannt ass. Zu Biwels um Ravi koumen all d'Tiir rëm zesummen a jiddereen konnt duerno bei der Dikricher Schwämm nach e Patt lokale Béier (och 0,0%) oder Bio-Orangejus genéissen. Dest Jar war d'RJPS och offiziell als green event zougelooss, well den Organisateur den Ooffall ganz streng getrennt an och Biwelser Krunnewaasser offréiert hott, suwi och biologischen orangejus a fair-trade Bananen. D'Zoustëmmung fir dës Mesure war zimlich gruuss an et wëll een daat och den 10.8.25, bei der 31. Editioun rëm maachen, di vum Lions Club Eislék, den Amis de Jempy Schmitz an dem Velo Club Dikrich organisiërt gëtt.

Desweidere war d'RJPS di ischt di di nei App Lëtz'Trail agefouert hott, an Zesummenaarbicht mat der FSCL. Hei kënnen d'Lett hire Wee direkt ophollen an och hir eege Leestungen opzeechnen.

De Jempy Schmitz war e lëtzbuerger Velosprofi 2. am Tour duerch Eisträich 1953. 1. am Tour de Luxembourg 1954, 1958, 2. am Critérium du Dauphiné Libéré 1954. 2. op der WM 1955, Gewënner vun der Etap Pau-Luchon am Tour de France 1956

3. am Critérium du Dauphiné Libéré 1957, 1958, Gewënner vum G.P du Midi Libre

1957 an zu gudder Letzt Champion vu Lëtzebuerg 1958.


De VCD gëtt awer och ganz jonke Cycliste rendez-vous de 15.9. hannert der Dikricher Schwämm fir Mountainbikes-Courssen fir Kanner vu 6-13 Jar. hei ka jideree matfueren, och wann ee keng Lizenz hott. All Kand kritt eng Medail a soll mat sengen Eltere bis schnuppere kommen. Weider Infoën op vcdiekirch.jimdofree.com/manifestations/ an fscl.lu/inscription-online/vtt/


Fotoë si vum Rom Hankes, Jang Leyder a Joé Leyder