5000.- EURO fir LUkraine vun der Randonnée Jempy Schmitz 2023

2023 war di 29. Editioun vun der Randonnée Jempy Schmitz an dëser Deeg gouf op der Dikricher Gemeng e Scheck vu 5.000.- EUR un d'Associatioun LUkraine iwerreecht. LUkraine hëlleft och an deem Kannerspidol, dat viru kuerzem vu russische Rakéite getraff gouf, mat Dialysapparater an Apparater fir d'Otemweeër fräi ze kréien. De Vertreeder vun LUkraine hott ganz rezent Fotoë vun den Affer a vum Schued, suwuel dem materielle, wi och dem moralischen, deen di russisch Rakéiten uriichten. De Vertreeder vum Lions Club Eisléck, Frank Mergen, sot, dass di 5.000.- EUR zwar nëmmen eng Drëps wieren, ma si, zesumme mat de "Frënn vum Jempy Schmitz" vertruede vum Rolf Hermes, secher wieren, dass dës Suë gutt ugeluecht wieren.

De Joël Kinn, President vum VC Dikrich hott nach drop higewisen, dass di 30. Editioun vun der Randonnée Jempy Schmitz den 11. August 2024 rëm zu Dikrich bei der Schwämm fortgeet. Aschreiwen op der Plaz, Sumup Card reader disponibel.

No der Pandémie ass ee vu 400 op 600 Cyclotouriste ropgaang an dëst Jar rechent ee mat nach mi Lett, zemol et 3 verschidde laang Tir gin, déi all alter a Form uspreechen. fir De Marco Fieger vum Lions Club soot och nach, dass dës Randonnée als Undenken un de lëtzebuerger Profi, dee 1956 eng Etape am Tour de France gewonnen haat, och weiderhin bestoë wäert bleiwen. 1954 a 1958 hott de Jempy Schmitz den Tour de Luxembourg gewonnen. Et ass di längsten, nët chronométréiert Randonnée a ganz Lëtzebuerg.


An der Mëtt vun der Foto gesäit een de Jong, d'Enkelin an den Urenkel vum Jempy Schmitz.


https://vcdiekirch.jimdofree.com