Am Jar 1950 gegrënnt, feiert de Velo Club Dikrich 2025 seng 75 Jar mat engem Ronn-Dësch Gespréich an der Aler Seeërei den 8. November, de Cyclocross-Meesterschaften den 11.1.26 hannert der Schwämm an enger Ausstellung am Kulturhaus vum 9-31.1.26. Derneewt bleiwen d'Randonnée d'Echappée den 9.5., d'Randonnée Jempy Schmitz den 10.8. an hir Kanner MTB Course de 14.9. hir gewinnte Manifestatiounen.
Mat 10 Kanner am Alter tëscht 4 an 10 Jar ass all Dënsdig Training zu Bettendrëf, hannert den Zengen. Umelle kann ee sich op vcdiekirch@gmail.com. Awer och um soziale Plang war de VCD aktiv: Virbereedung op d'Coupe scolaire zu Gilsdrëf an der Primärschull, Ennerstëtzung durch en Don am Kader vun der Randonnée Jempy Schmitz a bei Dikrich feiert den Esel.
De Comité bleift onverännert, awer et gi sich Suerge gemaach, wat den Training op der Strooss oder Courssen op der Strooss ugeet. De Bénévolat bleift d'Suergekand Nummer 1 vun alle Veräiner.
De Keesserapport schléisst mat engem butzigen Defizit oof, daat, well Subsidë vu green events vum August a September 24 nach ëmmer net iwerwise gufen.
D'Memberszuele gi weider rop, Cotisatioune an Trikoë vu Kanner a Studenten iwerhëllt de Veräin integral. Et gin och just déi Suë verrechent, déi de veräin un d'FSCL muss bezuelen. Trainere schaffen am Bénévolat. Ronn 30 Coureurë, Loisir a Membres affiliés weisen den trikot vum VCD op de Lëtzebuerger Stroossen, awer och op MTB a Gravelcoursen am Ausland. Suguer am Amerika ass dee geelen Trikot ze gesin.
Eng Brochüre iwer d'Geschicht vum VCD an dem Velosport zu Dikrich am Allgemengen ass am Drock a gëtt bei de verschiddene Manifestatioune verdeelt.
De VCD kuckt mat vill Zouversiicht op di nächst 75 Jar.
(Photos: Jeff Gloden)