Gemeng Préizerdaul ënnerstëtzt 5 Organisatiounen mat 42. 850 Euro


Am Kader vun enger Feierstonn huet de Schäfferot vun der Gemeng Préizerdaul deene 5 Organisatiounen, déi dest Joer vum Gemengerot als Bénéficiaire vum alljährlichen don humanitaire designéiert goufen, Chèquen iwwerreecht an der Héicht vun 42.850Euro. Di verschidden Vertrieder vun der ONG “Komm Hëllef mat Préizerdaul“, „Bonnievale Projects“, „Médecins sans frontières“, „Plooschterprojet“, a „ Wonschkutsch“ hunn sech erfreed iwert dëse generéisen Geste vun der Préizerdauler Gemeng gewisen, woumadder et hinnen alleguerten weiderhin méiglich ass, Léit a Nout a Misère ze ënnerstëtzen. Zousätzlich krut „Wonschkutsch“ och nach 1 Chèque vun der Ouschtereeër Aktioun vun der Maison Relais iwerreecht. (Foto: Charles Reiser)