Sëll: Och den Dag vum Bam 2024 ass dest Joer an der klenger Gemeng Sëll gefeiert gin. Zesummen mat de Gemengevertrieder, dem Fieschter Thierry Hollerich mat sengem Team, dem Technischen Service an dene klenge Kanner mat hiren Elteren, ass an der Wiss „Am Dall“ zu Sëll een Sorbus- Bam (Mehlbeere) geplanzt gin. Zugläich ass och e Mirabelle- Bam fir den Félix Peters, als 1000. Awunner an der Gemeng Sëll gesaat gin. Ugaangs huet de Buergermeeschter Gérard Zoller no senge Wëllkommensgréiss a Wierder vu Merci op de Sënn an Zweck vun deser naturverbonnener Planzaktioun, higewissen, wou dess Beem dene klenge Sëller, déi am Laaf vum Joer 2023 – 2024 op d’Welt kommen sin, geduecht ass an si och bei deser Geleeënheet als nei Matbierger können ze begréissen. An dem Kontext ass och eng Plakette aus Holz mat den Nimm vun allen Neigebuerenen an och vum 1000. Awunner als Erënnerung bei déi jeweilig Beem gesaat gin. Als Ofschloss vun deser Planzaktioun huet d’Gemengeverwaltung Sëll op e Patt mat engem gudde Maufel an de Festsaal zu Sëll invitéiert, wou och all Elteren e Feiermëlder an e Bong als Merci an Empfang konnten huelen, fir sech e Bam no hirer Wiel können unzeschaafen. (CR) (Foto: Charles Reiser)