UGDA- Auszeechnungen bei der Musik Gemeng Bauschelt



Bauschelt: Säit Joeren gëtt de Caeciliendag traditiounsgeméiss vun der Musik Gemeng Bauschelt gefeiert. No der Festmass, zelebréiert vum Paschtouer Patrick Hubert, déi deelweis vum lokale Gesangveräin mam Daniel Roemen op der Uergel an zesumme mat der Musikgesellschaft encadréiert gouf, ass de President Arny Jakobs beim Apéritif op d’Wichtigkeet vun dësem Dag agaangen. Zesummenhaalen an derbéi bleiwen sollen och weiderhi gefuerdert ginn. Nodeems dat de President de Programm vum Ënn vum Joer kuurz virgestallt huet an de Laureaten fir hirt Engagement gratuléiert huet, goufen folgend langjährig Musikantinnen a Musikanten a Presenz vum Buergermeeschter Jeff Gangler an der Schëffin Félicie Reuter, dem Supporterclub an dem Mym Roettgers- De Rond, Delegéiert vun der UGDA, ausgezeechent. De Louis Siebenborn, wärend 60 Joer aktive Musikant konnt d’Médaille en vermeil Grand- Duc Adolphe an Empfank huelen. Fir 40 Joer musikalischt Engagement sin d’Nicole Bodé an d’Danielle Albers- Molitor mat der Médaille de mérite en vermeil avec palmettes, ausgezeechent gin. Eng Médaille en argent fir 20 Joer gouf et fir d‘Michelle Lorang a fir 5 Joer Aktivitéit huet Daniela Schroeder een insigne vun der UGDA ugespengelt kritt. Beim Schlusswuert an hire Gléckwënsch huet d’Mym Roettgers- De Rond am Numm vum Zentralcomité vun der UGDA der Bauschelter Musik mat hirem Virstand weiderhin vill Freed un der Musik an och vill Erfolleg fir Zukunft gewënscht. (CR) (Foto: Charles Reiser)