Grondschoul vun Wëntger spend 2071.- € un d'Fondatioun Kriibskrank Kanner

D'Grondschoul vu Wëntger ass zanter Joren ganz staark engagéiert fir ëmmer een Engagement ze hu fir de gudden Zweck. Dëst Joer hunn d'Schüler ee supert Theaterstéck gespillt wou si vill Freed haten. Hiert Léierpersonal huet si super an hirem Projet begleet. Fir d'Kanner mee awer och fir d'Léierpersonal war et wichteg hir Spend u Kanner ze ginn deenen en net esou gutt geet. Si hunn déi fantastesch Kollekt vun 2071.-€ un d'Fondatioun Kriibskrank Kanner gespent.