De Kannerrot vun Rëmerschen spend 517 € un d'Fondatioun Kriibskrank Kanner

De Kannerrot an der Zentralschoul Rëmerschen war och dëst Joer nees ganz aktiv. Mat vill Engagement, dëst an Zesummenaarbecht mat all de Schüler aus der Zentralschoul, goufen divers Projet’en ëmgesat. Zum Beispill gouf all Trimester eng Chokyaktioun mat Verkaf vu Kuch an der ganzer Schoul organiséiert an zum Schluss vum Schouljoer hunn eis Membere vum Kannerrot Cocktailer gemixt. Bei dësen Aktioune sinn am ganze 517 € gesammelt ginn, an dëse Betrag gouf un d’Fondatioun Kriibskrank Kanner gespent. Des Aktioun huet sech zu engem Häerzensprojet entwéckelt, well d’Mia eng kleng Matschülerin aus eiser Schoul, och op d’Hëllef vun der Fondatioun ugewisen ass a mir doduerch hat an nach vill aner Kanner ënnerstëtze konnten.