De Crochet solidaire spent fir d'Recherche am Kannerkriibs ze ënnerstëtzen

D'Mara Cruciani a seng Ekipp si ganz engagéiert wann et heescht eppes fir de gudden Zweck ze maachen. Et gi fantastesch Pëppercher oder Petzien an nach ganz vill aner flott Saache geheekelt, déi da vu Leit kaf ginn an dann och gespent gi fir de Kanner ee Laachen a Gesiicht ze zauberen. Dem Mara Cruciani ass et ganz wichteg dass d'Recherche am Kannerkriibs ënnerstëtzt gëtt fir dass déi kléng Patienten Traitementer an Medikamenter kréien déi manner toxesch sinn. An esou hunn huet de Crochet solidaire ee Scheck an Héicht vun 1.695 € iwwerreecht deen op d'Course solidaire Lëtz Go Gold gesat ginn ass, wou d'ganz Kollekt zu 100 % an d'Recherche vum Kannerkriibs geet.