Schnupper-Workshop zu Bereldeng

De 6. Juli 2024 war zu Bereldeng e Kreativdag, wou „Schnupper-Workshops fir Grouss a Kleng“ ugebuede gi sinn. 7 Membere vun Hobbykënschtler Lëtzebuerg haten e Stand: Christiane mat Holzbrennerei a Filament, Eliane mat Pabeier – Blummen aus Seidepabeier, Fabienne mate engem Amulett aus Specksteen, Gaby & Michele mat engem Lieszeechen klëppelen, beim Jessica konnt een e Bild molen an op eng Taass maachen, beim Malou war Introduktioun an Patchwork, beim Pascale konnt een eng kleng Mäppchen bitzen.