Hobbymaart am Syrkus zu Rued Sir
um weitere Bilder zu sehen.
Gut besichten Hobbymarkt am Syrkus Rued-Sir.
Um Weekend vum 26. a 27. Oktober huet de néngten Hobbymarkt am Kulturzentrum Syrkus zu Rued-Sir stattfonnt an huet vill Visiteuren ugezunn. Ronn 40 Aussteller hunn hir handgemaachte Produkter gewisen an de Gäscht eng Vielfalt u kreativen a kënschtlereschen Aarbechten ugebueden.
Besonnesch beléift war den Atelier vum "Duerftreff beim Lis". Sonndes huet de Magier Luciano d'Visiteure mat senge magëschen Optrëtter begeeschtert. D`Amicale ISJB vu Betzder huet Allerhellegen-Arrangementer verkaaft.
Fir d'Wuel vun de Visiteure waren d'Veterane vum FC Syra Mensdorf zesumme mat den Hobbykënschtler Lëtzebuerg asbl zoustänneg, déi béid och d'Organisateure vum Maart waren. D'Evenement war e grousse Succès a huet de Participanten a Visiteuren eng wonnerbar Geleeënheet gebueden, handgemaachte Schätz ze entdecken an ze kafen.
D'Atmosphär am Syrkus war gepräägt vu Kreativitéit a Gemeinschaftsgefill, wat de Hobbymarkt zu engem besonneschen Erliefnis gemaach huet.
D'nächst Joer versprécht schonn elo, un de Succès vun dësem Evenement unzeknäppen an erëm en Highlight am Veranstaltungskalenner vun der Regioun ze ginn.
weider Fotoe fannt Dir op www.hobbykl.lu an der Fotosgalerie